Lammy

Moien! Ech heesche Lämmy.

Ech sinn dat offiziellt Maskottche vun der Schueberfouer. Ech gouf 2004 gebuer an ee Joer méi spéit hat ech dunn mäin éischten Optrëtt op der Fouer. Dat war alles net esou einfach am Ufank.

Stellt Iech emol vir

deemools huet mer esou guer eng Lëtzebuerger Fluchgesellschaft hier Hëllef ugebueden. Mee dëst ass eng Geschicht déi ech iech eng aner Kéier erzielen…

Ech selwer si frou mam Liewen, amuséiere mech gär an näischt hunn ech léiwer wéi dat lëschtegt Kiermesgechéien. Hei kann ech der am meeschte stëbsen.

Dir kennt jo alleguerte mäi Liiblingsmarsch: den Hämmelsmarsch gëtt et op der Fouer schonns zënter dem 15. Joerhonnert. Haut héiert een en op Kiermessonndeg an allen Dierfer vum Land.

Léif Frënn,

vun dësem Joer un gesitt der mech méi oft wann et heescht « Lämmy on tour ». Ech freeë mech. Äddi! »

2004 hat den Historiker Steve Kayser d’Iddi fir ee fouertypescht an authentescht Maskottchen. De renomméierte Kënschtler Milli Schlesser – deemools ee Schüler vum Steve Kayser – huet dunn de Lämmy geschafen, ee lëschtegt Schof mat sengem Schofshiertgezei: ee bloe Paltong, eng blo Kap an ee roude Fischi.

Firwat ee Schof? Et goung dorëms en direkte Lien zu der Geschicht vun der Schueberfouer ze maachen. Déi huet 1340 vum Jang de Blanne gegrënnt als mëttelalterlech Handelsfouer vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen. Bekannt war se joerhonnertelaang fir hiert exzellent Duch.

D’Wollwiewerzunft vun der Stad Lëtzebuerg huet duerfir och bis an d’18. Joerhonnert de Fouermeeschter gestallt. Lo versteet een och wisou d’Lëtzebuerger Woll, an also d’Schof esou wichteg sinn. Dobäi kënnt dat de Lëtzebuerger Schéissveräi Sankt-Sebastianus zënter sengem Bestoen am 15. Joerhonnert ëmmer op der Fouer präsent war an ee Präisschéissen organiséiert huet.

Den éischte Präis war e Kiermeshammel. An och den Hämmelsmarsch gouf et wuel scho virun der « Schéiss » op der Fouer. Rieds geet och vun engem Cortège mat Musek a Schof dee vum Stadkär – de Roude Pëtz erënnert nach haut un dëse Brauch – fort duerch d’Gaasse vun der Stad op de Joermaart. Kanner hunn da meeschtens fir e bëssi Kiermessuen oder Séissegkeete geheescht.

Nom Éischte Weltkrich gëtt da bal keng Kiermes méi am Land ouni den Hämmelsmarsch. Bis 1976 gouf et och nach all Joers um Bartelméisdag, dem 24. August, ee Véimaart op der Fouer. Mir nennen och haut nach den ënneschte Glacis de Schofs- an den ieweschte Glacis de Päerdsmaart.

De Lämmy bréngt de Kanner ee Stéck Lëtzebuerger Kultur méi no. Mee och déi Erwuesse kennen sech mam Lämmy amuséieren. Zënter senger Kreatioun gouf de Merchandising vun de Forainskollege Jérôme Zellweger, Janny de Vries an dem Gilbert Nielsen ënnerstëtzt an dunn vum fréiere Comité international de la Schueberfouer gedroen. Sou koume Stoftdéieren, Postkaarten, Pinsen a Auere fir Sammler, an awer och Bandes Dessinées bis hin zum Mr. Science ënnert d’Läit.

2019 kënnt de Lämmy mat frëscher Dynamik ganz grouss eraus.

Wichteg: d’Droits d’auteurs gehéieren exklusiv der FNCF.