Iwwert eis

D’Lëtzebuerger Foraine stellen sech vir.

 

Mir sinn elo schonn e puer Joer ënnerwee, fir de Läit Faarw a Freed, Spill a Spaass an d’Lëtzebuerger Dierfer a Stied ze bréngen.

Eis europäesch Kollegen ënnerstëtzen eis dobäi richteg gutt. Si droen dozou bäi dat eis Kiermesplazen attraktiv sinn.

Vereenzelter vun eis, wéi d’ Familljen Hary, Zellweger oder Clement, blécken op méi Generatioune Forainstraditioun zeréck.

Duerfir schaffe mir och wéi Familljebetriber.

Eis Tournée geet mat der Escher Ouschterkiermes zu Esch-Uelzecht lass. Den Héichpunkt vun eiser Saison ass d’Stater Schueberfouer. Zenter der Mëtt Achzeger Jore schléisse mer eise Joreszyklus mat de Chrëschtmäert of. Dëst verdanke mer eisem fréiere President, dem Foos Müller.

D’Lëtzebuerger Foraine stinn op villen Evenementer, meescht op de Volleksfester zu Lëtzebuerg.

Mir stinn am enke Kontakt mat de Gemengeresponsabelen a versichen esou gutt mer dat kënnen an sou wäit wéi et eis zousteet mat ze hëllefen dat eis Kiermesse Familljefester bleiwen.

An dësem Kontext leien eis all kulturell Aktivitéite ronderëm eis Kiermesplaze besonnesch um Häerz.

Nieft der Sécherheet an dem Wuelbefanne vun eise Gäscht, ass et eis ganz wichteg déi lokal Traditiounen ze ënnerstëtzen.

Sou zum Beispill den Hämmelsmarsch. De musikalesch lëschteg agepaakte Cortège vum Schéifer mat senge Schof ass direkt mat der Geschicht vun der Schueberfouer déi 1340 als kommerziell Fouer gegrënnt gouf, verbonnen. Zenter Ufank vum 15.

Joerhonnert huet de Stater Schéissveräin, d’Sankt Sebastians Brudderschaft ëmmer ee Schéisstournoi wa Schueberfouer war organiséiert. Den Haaptgewënn war een Hammel! Deemools war iwwregens d’Lëtzebuerger Duch een héich geschate Qualitéitsproduit. Woumat mer da jo bei der Woll an implizit erëm beim Schof wären. Nom Éischte Weltkrich verbreet sech den Hämmelsmarsch um Kiermessonndeg an de Lëtzebuerger Dierfer.

D’Forainswiese gehéiert zou der Lëtzebuerger Kultur. Si ass ee wichtegen Deel vun onsem kulturellem Liewen. Mir, d’Forainen, zesumme mat den Organisateuren, de Fabrikanten, awer virun allem mat iech, eisen treie Gäscht sëtzen eis fir d’Erhale vun der lieweger Kultur vun eise Volleksfester an.